Bei den Inhalt wiesselen

Police an Landesverwaltungen

Wann's Du Aktiounen zu oder Informatiounen iwwert en Geocache an denger Géigend brauchs, da ruff eis un um 206.971.0544, an deel eis den Numm vum Geocache, den GC Code (GCXXXX), d'Plaz oder all aner Informatioun déi eis hëlleft den Geocache ze identifizéieren, mat.

De Kadaster an d'Justiz sinn en wëllkommenen an aus eiser Siicht en integrale Bestanddeel vun der Geocaching-Communautéit. Et ass eise Wëllen, dës Partnerschaft ze fleegen an auszebauen, andeems mir entspriechend vertrauensbildent Moossnahmen entwécklen an Informatiounsmaterial zur Verfügung stellen, fir se fir de Geocaching ze sensibiliséieren an de géigesäitege Versteesdemech ze erhéijen.

Offiziell Vertrieder vun Natur an Ëmwelt, esou wéi vun der Justiz, kënnen eng gratis Premium-Memberschaft kréien. Doduerch kréien si en Iwwerbléck, wéi eng Geocachen am Moment an de betreffende Gebidder verstoppt sinn. Sie kënnen sech Direcktbenooriichtegung schécke loossen, soubal do nei Geocache fräigeschalt ginn, an Kontakt mat den aktive Geocacher an der Ëmgéigend ophuelen.

Wéi kann een der Geocaching-Communautéit bäitrieden:

  1. Benotzerkonto an Profil erstellen: Erstellt e Benotzerkonto an e Profil fir Är Institutioun op Geocaching.com. Benotzt dofir w.e.g. een Benotzernumm, deen d'Bezeechnung vun der Institutioun erëmspigelt, an gitt w.e.g. Är regulär an offiziell E-Mail-Adress an. Dëst sinn entspriechend Beispiller fir Landesverwaltung an Police-Unitéiten.
  2. Gëf Premium-Member - et ass gratis! Kontaktéier eismat dengem ausgewielten Benotzernumm a mir maachen gratis aus dengem Basis-Konto eng Premium-Memberschaft.
  3. Weider Informatiounen iwwer Geocaching: Kuck Dir eis Uleedungen zum Spill an den Aféierung's Video un.
  4. Erkläert ären Mataarbechter kuerz wat "Geocaching" ass: Dréck dofir eis zwou Säite grouss Aféierung (déi an villen Sproochen ze kréien ass) eraus. Duerno kënnt dir zousätzlech eisen Flyer zum Thema "Geocaching" fir Police a Landesverwaltungen op Englesch oder Däitsch eroflueden. Anengems kann eis Aféierung's-Presentatioun hëllefräich fir är Mataarbechter sinn.
  5. Brauch s Du Hëllef? Dann Kontaktéier eis mat Denger Fro op geocaching.com/help a mir wäerte eis freeën fir Dir ze hëllefen.