Bei den Inhalt wiesselen

Richtlinnen fir d'Benotzen vun eisem Logo

Am Joer 2001 hunn mir ugefaangen de Geocaching-Logo ze benotzen. Seid deem ass en zu engem Symbol ginn dee voller Freed ''Geocaching!'' an alle Sprooche jäizt.

Vill Geocacher wëllen d'Logoe fir déi ënnerschiddlechst Saache mat Bezuch zum Geocaching benotzen—an dat hu mir gären! Éiers Du dat awer mëss, muss Du oppassen, dass d'Markengesetz vun eis eng Opstellung mat verschidde grondleeënd Reegele verlaangt, deenen's du zoustëmme muss, éiers du eis Logoe benotz.

Mamm Eroflueden vum Logo-Kit, bestätegs Du, dass Du d'Richtlinnen fir d'Benotzen vun eisem Logo gelies hues an och wäerts uwennen:

ERLAABT:

  • Du kanns eis Logoen fir perséinlech Zwecker benotzen. (Mir fannen Tätowéierungen besonnesch flott!)
  • Verweis op eis.
    • Wann's Du eise Logo benotz, an et méiglech ass, da setz den uewe beschriwwene Vermierk mat dobäi.
    • Verlink d'Wuert "Geocaching" ëmmer mat "www.Geocaching.com" an den Begrëff "Cache In Trash Out®" mat http://www.geocaching.com/cito/.
    • Verlink d'Wieder “Adventure Lab®” mat https://labs.geocaching.com/
  • Stell d'Spill an d'Firma hannendrun an engem positiven Liicht duer.
  • Benotz di héichobléisent Logo-Dateien déi Uewen uginn sinn.
  • Benotz den ® bei all Benotzung vu Geocaching Logo an dem Adventure Lab Numm an en ™ bei den CITO, an Signal de Fräsch Logo'en.
  • Reagéier séier, wann mir dech froen, fir eisen Logo ze läschen oder seng Benotzung's-Form ze änneren.

MAACH DAT NET:

  • Eisen Logo op iergend enger Aart veränneren.
  • Eis Logoen op Géigestänn benotzen, déi sollen verkaf ginn, op kommerziellen Websäiten oder an Apps ouni eis explizit Permissioun.
  • Eisen Logo mat engem aneren Zweck verbannen. Jo, och mir hunn eng schwächt fir d'Ausstierwen vum gefährten Arodi-Blosen-Nascht-Fräsch, mee mir mengen net, dass et ubruet ass, en dowéinst mat Geocaching an Kontakt ze bréngen.
  • Eisen Logo sou benotzen, dass en als eng Kooperatioun, Förderung oder Ënnerstëtzung kinnt ugesi ginn. Dowéinst sollt eisen Logo net méi grouss sinn wéi däin oder deen gréissten Objet ob denger Websäit.
  • Eise Logo op denger Websäit ubidden fir erofzelueden oder Linken zu de Logoen op eiser Websäit dropsetzen.